Eis Projet’ën, déi mir esou schnell ewéi méiglech realiséiere wëllen, sinn uspriechend:
– Fotoscourse fir Ufänger an der Gemeng Käerjeng ubidden,
– Workshoppen,
– Konferenzen a Sortien organiséieren,
– eise Memberen hëllefen hir Fotoen ze verbesseren,
– um kulturellen an artistesche Liewe vun der Gemeng Käerjeng deelhuelen,
– bei nationalen an internationalen Fotosconcoursen matmaachen an organiséieren
D’Léieren an den Ëmgang mat der fotografescher Praxis steet am Virdergrond vun eiser Aarbecht. Mir verbrénge gemeinsam vill Zäit vun eiser Fräizäit fir eis fotografesch Interesse besser verwierklechen ze kënnen.
Mir versiche mat eise Biller déi glécklech an traureg Momenter vum Liewen ze dokumentéieren, d’Ausstralung vun de Mënschen esou wéi d’Vilfalt an d’Schéinheet vun der Natur festzehalen.
Fir Interessi a Kritik vun eise Fotoe si mir ganz dankbar, esou léiere mir besser Fotoen ze maachen.
Mat eise Fotoe wëlle mir Freed bereeden, d’ Welt mat aneren Ae weisen oder zum Nodenken ureegen.
De Comité vun de Fotosfrënn Käerjeng